
© Michal Cizek / AFP
Op der Star Wars Celebration zu London goufen leschte Weekend eng Rëtsch nei Filmer ugekënnegt.
Star Wars ass ouni Zweiwel déi erfollegräichste Film-Franchise vun allen Zäiten. 2019 ass mat Star Wars Episode 9 no 42 Joer Kino-Geschicht déi weltbekannte Skywalker-Saga op en Enn gaangen. Zanterhier sinn eng Rëtsch Serien erauskomm, ënnert anerem The Mandalorian, The Book of Boba Fett oder och Obi-Wan Kenobi. Punkto Kino war et awer éischter roueg, villes gouf geplangt, ugekënnegt an da grad esou séier nees op Äis geluecht.
Rezent goufen op der Star Wars Celebratioun zu London dann awer 3 nei Kino-Filmer ugekënnegt, ugefaange mat engem Film vum Indiana Jones Regisseur James Mangold. Dëse soll 25.000 Joer virun den Original-Filmer spillen an sech mam alleréischte Jedi iwwerhaapt beschäftegen.
Dann dierf och de Regisseur Dave Filoni e Star Wars Film dréinen, iwwer deen awer nach net vill gewosst ass, ausser dass dëse Film all d’Serië ronderëm The Mandalorian zum Ofschloss soll bréngen.
Déi grouss Iwwerraschung war dunn awer, dass d’Skywalker-Saga tatsächlech nach en 10ten Deel kritt. Dëse spillt 15 Joer no The Rise of Skywalker an erzielt d’Geschicht vum Rey, dat probéiert e neie Jedi-Orden op d’Been ze stellen. T'Dréibuch zu dësem Film wier anscheinend och scho fäerdeg a Fans dierfen sech ënnert anerem op e Comeback vum Daisy Ridley freeën.
Domadder awer net genuch, well all déi aner Filmer, iwwer déi an de leschte Jore geschwat gouf, sinn anscheinend net vum Dësch. De Rian Johnson schafft wieder un enger Trilogie an och d’Patty Jenkins souwéi den Taika Waititi schaffe weiderhin un hire Projeten.
Wann mir eis also elo net verzielt hunn, kommen a nächster Zäit nach ganzer 8 weider Star Wars Filmer an de Kino.