Kann en Horrorfilm ze grujeleg sinn? Anscheinend schonn...

Kann en Horrorfilm ze grujeleg sinn? Dat ass aktuell d’Fro bei der neister Stephen King Verfilmung Boogeyman. Déi sollt ufanks just op engem Streamingdéngscht erauskommen, huet wéinst positiven Testscreanings dunn awer och e Release am Kino kritt. Am Juni dëst Joer soll et da schonn esouwäit sinn.

De Stephen King selwer hätt de Film dann och gutt fonnt, wat also schonn emol net schlecht kléngt. Et goufen an der Vergaangenheet nämlech schonn e puer Verfilmungen, déi vum Auteur net approuvéiert goufen (zB Shining).

De Film huet allerdéngs rezent misse geännert ginn, well eng Seene anscheinend ze grujeleg ass, an zwar deen Ament, wann de Boogeyman fir t’éischt ze gesinn ass. De Regisseur sot, esou gär ech Jumpscraes och hunn, wann de Public dono nach 30 Sekonnen ofgelenkt an amgaangen ass sech ze berouegen, musse mir eppes änneren. Virun allem well d’Leit dono Näischt vun der Story matkréien.