
© THE ZANUCK COMPANY / MALPASO PROCollection ChristopheL via AFP
De nächste Film vum Clint Eastwood kéint scho säi leschte sinn...
De Quentin Tarantino wäert viru senger Pensioun nach ee leschte Film dréinen, doriwwer hate mir an de leschte Woche scho puer Mol geschwat.
Hei fannt dir déi komplett News.
Et schéngt es awer wéi wann eng wieder Regisseur-Legend de nämmlechte Wee wäert goen an zwar de Clint Eastwood. Anescht wéi beim Tarantino ass dat awer bis ewell just e Gerücht. Et géif awer Sënn maachen, ëmmerhin huet de Clint Eastwood schon 92 Joer.
Säi leschte Film soll da Juror NO. 2 heeschen. Wéi de Numm et seet, geet et am Film em e Geschworener an den USA, dee wärend engem Mordprozess bemierkt, dass hie selwer vläicht an der Dout vum Affer kéint verwéckelt sinn. Dowéinst probéiert hien de Recht vun der Jury ze manipuléieren.
Wéini de Film erauskënnt, ass nach net gewosst.