
© Youtube
Dass et esou séier geet, iwwerrascht esouguer eis Redaktioun.
Dës Woch ass The Pope’s Exorcist mam Russel Crowe an de Kino komm a knapps ass en dobaussen, gëtt schonn iwwer en zweeten Deel nogeduecht. Wéi et schéngt huet ee schonn ugefaangen un engem Sequel ze schaffen, obschonns een do eréischt ganz am Ufank vun der Entwécklungsphase géif stoen.
Wien Regie féiert oder als Schauspiller mat dobäi ass, ass deementspriechend och nach net gewosst.
Wann dir dëser Deeg an de Kino gitt an The Pope’s Exorcist gutt fannt, kënnt dir iech also schonn op en zweeten Deel freeën.