
© Youtube
Den Denzel Washington ass erëm zréck a senger Roll als Killer Robert McCall.
The Equalizer mam Denzel Washington...
2014 koum den éischten an 2018 den zweeten Deel an de Kino a béid Filmer hunn mech deemools richteg iwwerzeegt. Deementspriechend frou war ech, wéi den Denzel Washington an de Regisseur Antoine Fuqua en drëtten Deel ugekënnegt hunn. Dëse soll schonn den 30ten August dëst Joer an de Kino kommen.
The Equalizer – The Final Chapter erzielt d’Geschicht vum Ex-Opdragskiller Robert McCall, dee endlech Fridden a senger neier Heemecht Italien fonnt huet. Seng Kolleegen a säin Doheem ginn allerdéngs vun der Mafia menacéiert, also muss hien op e Neits fir Gerechtegkeet suergen.