
© Robyn BECK / AFP
No iwwer 10 Joer zitt d'Schauspillerin sech endgülteg aus dem MCU zréck.
Schluss! Aus! Finito!
Dat sot d’Scarlett Johannson wéi et an engem Podcast op e méigleche Comeback am Marvel Cinematic Universe ugeschwat gouf. Iwwer 10 Joer laang huet et a ganzer 9 Filmer d’Roll vum Black Widow verkierpert. Elo wier et un der Zäit e Schlussstréch ze zéien a sech mat neie Projeten ze beschäftegen.
Domadder ass d'Schauspillerin dann och net eleng. No Guardians of The Galaxy 3 hunn och d’Zoe Zaldana an den Dave Bautista hire Récktrëtt aus dem MCU ugekënnegt. Just de Chris Pratt wier aktuell nach op fir weider Projeten.