
© THE GEFFEN COMPANY/ Photo numÈrique Collection ChristopheL via AFP
Fans vum Film vun 1988 Beetlejuice kënnen sech freeën. Den 2. Deel gëtt definitiv Realitéit.
De Film ass an aktiver Entwécklung, an d’Produktioun ass drop an drun unzefänken. En Datum fir d’Sortie an den US-Kinoe gouf och scho vun de Warner Bros. ugekënnegt: de 6. September 2024. Den Inhalt vum Film gëtt zwar geheim gehale mee sécher ass dass nees den Tim Burton d’Regie iwwerhuele wäert.
D’"Wednesday"-Schauspillerin spillt dann d’Duechter vum Lydia, dat vum Winona Ryder gespillt gouf. D’Ryder selwer ass dobäi mee och de Michael Keaton deen d’Titelroll vum Beetlejuice spillt.
Vill Leit si gespaant ze gesi wéi de mëttlerweil 71-järegen seng Roll da spille wäert. Am éischte Film hat hien der 37.