Et ass offiziell! En typesche Film aus den 2000er Jore kritt eng Fortsetzung.

Et handelt sech ëm "Freaky Friday". Genee 20 Joer nodeems den éischte Film erauskoum, ass d’Annonce komm. Um zweeten Deel gëtt bei Disney geschafft. D’Lindsay Lohan an d’Jamie Lee Curtis sinn allen zwee intresséiert hir Rolle weiderzespillen. Si hunn eng Mamm an hiert Meedche spillen, déi op eemol moies feststellen dass si hir Kierpere mateneen ausgetosch hunn. Den éischten Deel hat deemools extrem vill Succès. Dat wier dann e grousse Kino-Comeback fir d’Lindsay Lohan.