
© ANGELA WEISS / AFP
Eng weider Fortsetzung-Annonce bezitt sech op e bekannte Film vum Nicolas Cage!
Et handelt sech ëm "Lord of War-Händler des Todes". Den Original war 2005 erauskomm a wéi et schéngt ass et un der Zäit dass eng weider Geschicht dru gehaange gëtt. D’Dréibuch vun der Fortsetzung géif scho stoen an d’Dréiaarbechte sollen am Hierscht ufänken. Beim "Lord of War" geet et ëm de Waffenhändler Yuri Orlov, deen also vum Cage spillt gëtt. De Bill Skarsgard ass dann awer och Deel vun der Sequel. Hie wäert den Anton, de Jong vum Yuri spillen.