
© Youtube
Virun 22 Joer ass den éischten Fast & Furious Film an de Kino komm. Wéi et schéngt, ass mat der Franchise awer nach laang net Schluss.
Dëse Mëttwoch ass Fast X an de Kino komm, de mëttlerweil 10ten Deel vu Fast & Furious. Eis Redaktioun weist sech vum Film an der gesamter Franchise awer éischter manner begeeschtert.
Liest hei déi ganz Filmkritik vun eiser Redaktioun.
Elo ginn et da schlecht News fir eis, ma gudder fir d'Fans. No dësem Film ass nämlech nach net Schluss och wann de Franchise lues awer secher op en Enn geet. Genee wéi bei Avengers oder Harry Potter soll de Schluss an zwee Filmer erzielt ginn. En 11ten Deel kënnt also mat Sécherheet op eis duer.
Bei der Première vum aktuelle Fast X zu Roum huet de Vin Diesel awer elo eng Bomm plaze gelooss. Anscheinend hätt de Studio Universal nämlech gefrot, ob een aus dem Schluss net léiwer eng Trilogie sollt maachen, a wann iergendeen nach e Film aus dem Hutt gezaubert kritt, dann ass et de Vin Diesel.
Ma komm mir schwätzen elo mol nach net vu Fast & Furious 12. Elo muss ee mol kucken, ob den 11ten Deel iwwerhaapt erauskënnt. Dat hänkt wuel ganz kloer dovunner of, wéi Fast X an de Kinoen ofschneit.
An eiser Filmkritik hunn mir d’Fro gestallt, ob de Vin Diesel vläicht einfach de Moment verpasst huet fir ze soen, dass et mat der Franchise endlech mol duergeet. Am Internet gëtt esouguer schonn de Geck gemaach, dass de Vin Diesel eréischt ophält wann d’Welt ënnergeet.
Mee Hey, esou schlecht mir d’Filmer och fannen, de Franchise huet genuch Fans fir dass och déi manner gutt Deeler genuch Geld am Kino aspillen. Usech gëtt et also kee Grond Fast & Furious ze begruewen.