
© Youtube
Nee, et ass nach ëmmer net Schluss mat der Fast & Furious Franchise...
Huet de Vin Diesel vläicht einfach de Moment verpasst fir ze soen: Ok elo geet et duer mat Fast & Furious?
Dës Fro hu mir lescht Woch relativ dacks gestallt wéi Fast X, den 10ten Deel vun der Franchise, an de Kino komm ass. An Jo, de Schauspiller schéngt de Moment wierklech verpasst ze hunn well wéi hie rezent an engem Interview géigeniwwer Variety verroden huet, schafft hie schonn zanter 2017 un enger Rëtsch Spin-Offs.
Een dovunner soll da mat engem reng weibleche Cast sinn. Bon, mam Brie Larson, Charlize Theron, Gal Gadot a Michelle Rodriguez wiere genuch kompetent Schauspiller do mee Meenung zu der ganzer Saach fannt dir weider ënnen.
Liest hei alles iwwer déi nei Filmer an eis Review vum aktuellen Deel.