
© Frederic J. Brown / AFP
Gëtt et eng Fortsetzung vum Iwwerraschungshit?
Everything Everywhere All At Once war déi grouss Iwwerraschung vum Joer 2023. De Film war de grousse Gewënner bei den Oscaren an huet ënnert anerem den Award fir Best Picture gewonnen. An wéi sou dacks wann e Film Succès huet, stellt een sech d’Fro, ob en zweeten Deel kënnt?
D’Schauspillerin Michelle Yeoh huet eng kloer Äntwert, Nee! Den Iwwerraschungseffekt ass fort an et huet kee Sënn nach eng Kéier dat selwecht ze maache wéi am éischten Deel. A ganz éierlech, just ganz wéineg Studioe géifen sech iwwerhaapt un esou en ongewéinleche Film eruntrauen.