
© Amy Sussman / AFP
Rezent goufen déi éischt Reviews zum neien Indiana Jones verrëfentlecht.
Den 28te Juni kënnt Indiana Jones and the Dial of Destiny an de Kino.
Et ass de fënneften a leschten Deel mam Harrison Ford an der Haaptroll, deen zu Cannes elo seng Première gefeiert huet. Wärend der Zeremonie, déi natierlech no 42 Joer mat villen Tréine begleet gouf, krut de Schauspiller och en Éierepräis fir säi Liewenswierk.
Wärend der Première haten dann och déi éischt Kritiker d'Méiglechkeet de neie Film ze gesinn an d'Reviews sinn aktuell komplett gemëscht. Déi eng schwätze vun engem gelongenen Ofschloss vun Indiana Jones, anerer gesinn de Film éischter als komplett Zäitverschwendung mat ville handwierklech Feeler. Mir bleiwen also gespaant...