Op Avatar 3 an Avengers mussen Disney Fans nach e bësse méi laang waarden.

Nodeems Avatar - the Way of Water schonn am Dezember 2022 an den Kino komm ass, ass de Film lo och zënter dem 7. Juni endlech op Disney+ ze fannen. Op Twitter schreift de Producer Jon Landau, dass déi nächst Avatar-Filmer méi Zäit wéi ursprénglech geplangt bei der Entwécklung brauche wäerten.

E spezifeschen Grond huet Disney net genannt. Avatar 3, deen am Dezember 2024 sollt erauskommen, ass op 1 Joer verréckelt ginn. Dat bedeit, dass souwuel Avatar 4 an Avatar 5 eréischt 2029, respektiv 2031 an d’Kinoe kommen. De leschten Deel wäert also eréischt 22 Joer nom Éischte verëffentlecht ginn.

Betraff nieft den Avatar-Filmer sinn och Star Wars an de Marvel Universum. Ënnert anerem de Film Avengers: Kang Dynasty, deen elo amplaz vun 2025 eréischt am Mee 2026 erauskomme soll.

Avatar – The Way of Water war e groussen Erfolleg, virun allem optesch. Leider brauch esou eng Qualitéit och Zäit. D’Filmproduzente schaffen haart dorunner, dass déi nächst Avatar-Filmer den Erwaardungen vun de Fans gerecht ginn. Dobäi kënnt, dass an den USA Dréibuch-Auteuren nach ëmmer streiken. Ouni Dréibuch kann een numol keng Filmer produzéieren. Mir sinn awer voller Virfreed zeréck an d’Welt vu Pandora anzetauchen.