
© ANGELA WEISS / AFP
Verschidde spezialiséiert Hollywood-Medien hu matgedeelt dass den David Corenswet déi bekannt Roll iwwerhuele wäert.
De 29-järegen US-Schauspiller David Corenswet wäert also d'Roll vum Superman am Film "Superman: Legacy" iwwerhuelen, deen 2025 erauskomme wäert. Hien huet an de Serien "The Politician" an "Hollywood" ënner anerem gespillt. D'Rachel Brosnahan, dat ënner anerem wéinst der Serie "The Marvelous Mrs. Maisel" bekannt ass, wäert d'Roll vum Lois Lane iwwerhuelen.
De Regisseur James Gunn huet de Casting dann och op Twitter confirméiert.
Am rezentsten hat jo de brittesche Schauspiller Henry Cavill d'Roll vum Superman gespillt.