
© VALERIE MACON / AFP
De Film "Killers of the Flower Moon" kënnt am Oktober an eis Kinoen.
Wann de Leonardo DiCaprio an de Martin Scorsese openeentreffe kënnt oft ee Meeschterwierk eraus. Genee dat selwecht déit dee neien Trailer zum Film "Killers of the Flower Moon" un. Den 206-Minutte laange Film mam DiCaprio an der Haaptroll, erzielt Geschicht vun enger Gemeng an Oklahoma am fréien 20. Joerhonnert. Hei stierwen op eemol ëmmer méi räich Bierger an déi neidesch Matbierger geroden ënnert de Verdacht. Nieft dem DiCaprio wäert een och de Gladstone, den De Niro an den Jesse Plemons vum 19. Oktober un am Kino gesinn.
Lauschtert hei déi ganz Kino News vum 7. Juli.