Bei der Neioplo vun den Harry-Potter-Bicher wäert den Daniel Radcliffe net mat involvéiert sinn.

Den Harry-Potter-Schauspiller Daniel Radcliffe huet elo missen d'Hoffnung vun alle Fans zerstéieren. Nämlech huet hien ugekënnegt net an der Neiverfilmung vun den Harry-Potter-Bicher deel ze huelen. Géigeniwwer Comic Book huet de Radcliffe gesot, dass hien definitiv net no enger Méiglechkeet géif siche fir an der neier Oplo optrieden ze kënnen. Déi nei Produzente wëlle jo och eppes Eegenes maachen a géifen och net no engem Wee sichen, deen alen Harry ënnerzebréngen. Mat der Neiverfilmung vun der Harry-Potter-Geschicht mussen d'Fans net virun 2025 rechnen.

Lauschtert hei déi ganz Kino News vum 7. Juli.