
© Patrick T. Fallon / AFP
Een Universum méi grouss wéi dat vu Marvel oder DC: dat plangt aktuell de Spillsaacheproduzent Mattel.
D'Spillsaachefirma Mattel wëll seng weltbekannte Franchise an de Kino bréngen. Am Ganzen ass ee Fantasy- a Science-Fiction-Universum mat 45 Filmer geplangt. A jidderee kennt d’Virlage fir dës Filmer aus senger eegener Kandheet. Bis elo huet d'Firma réischt 13 vun de geplangte 45 Filmer offiziell ugekënnegt. Ënner anerem soll et een UNO-Film ginn, dëse soll an engem Hip-Hop-Milieu an der amerikanescher Stad Atlanta spillen. Da soll et och nach ee Film iwwer Hot-Wheels-Autoe ginn, dee vum Star-Wars-Produzent J.J. Abrams realiséiert soll ginn.