
De 19te Juli kommen zwee richteg villverspriechend Filmer an de Kino.
Nächst Woch wäerten d’Kinoen net just hei zu Lëtzebuerg, ma an der ganzer Welt, richteg gutt gefëllt sinn. De Grond, de 19ten Juli kommen zwee Filmer an de Kino, déi ënnerschiddlecher net kéinte sinn, awer alle béid mat Spannung a Virfreed vun hire Fans erwaart ginn. Och am Internet gëtt sech zanter Woche fläisseg gebattled, Barbie VS Oppenheimer. Emplus kréie béid Filmer no hire jeeweilegen Avant-Premièren immens gutt Kriticken.
Ugefaange mat engem Song, dee mir am Joer 2023 nach alleguer am Kapp hunn. I’m a Barbie Girl in A Barbie World, gespillt vum Margot Robbie an der Haaptroll. Zanter 2009 gëtt un engem Barbie-Film geschafft an d’Waarden huet sech wéi et schéngt gelount. Och wann verschidde Charakter vläicht méi Déifgang verdéngt hätten, ass de Film wéi et schéngt witzeg, bombastesch an iwwertrëfft sämtlech Erwaardungen. Verschidde Stëmme fuerderen esouguer eng Oscar-Nominéierung fir de Ryan Gosling wéinst senger Verkierperung vum Ken.
Vu Rosa eriwwer bei en éischter düsteren Toun. De Film Oppenheimer hëlt eis mat an den zweete Weltkrich, méi genee bei d’Entsteeung vun der alleréischter Atombomm. An och hei, positiv Kriticke lenks a riets. De Geschichtsdrama vum Christopher Nolan iwwerzeegt mat grandiosem Cast, ass komplex, detailléiert, awer och spektakulär. Et ass e Film, deen een anscheinend a säi Bann zitt a bis zu de Credits net méi lassléisst.
Et schéngt also wierklech wéi wann eis nächst Woch e puer richteg gäil Kino-Momenter erwaarden. Barbie Vs Openheimer, zwee komplett verschidde Filmer, ma allebéid anscheinend richteg derwäert.