Fans vu Filmer a Serien mussen an Zukunft vill Gedold matbréngen...

Hollywood ass an der Kris! Vill Produktiounen, Serië wéi Filmer, sinn aktuell op Äis geluecht. De Grond ass e grousse Streik vu Dréibuchauteuren, Produzenten a Schauspiller.

Si fuerdere vun de Responsabele méi Geld well d'Filmschafender gi fir hier Aarbecht just eng eenzeg Kéier bezuelt. Gëtt e Film oder eng Serie awer dono nach iwwer Jore rediffuséiert, verdéngen si keen eenzege Cent. Deen eenzegen, deen dorunner verdéngt, sinn d’Studioen, déi d’Rechter un de jeeweilege Produktiounen hunn.

An dat ass virun allem an Zäite vu Streamingdéngschter fatal fir d’Filmschafender an Hollywood. Déi selwecht Klausel gräift nämlech och hei. Dat ass Grond genuch fir déi verschidde Gewerkschaften, d’Handbrems ze zéien.

Lo kéint een natierlech soen, dass Schauspiller scho méi wéi genuch verdéngen, ma déi grouss Filmstaren, déi Millioune verdéngen an déi mir vum rouden Teppech kennen, gehéieren an der Industrie zu der absolutter Minoritéit.

Virun allem kéint sech dëse Streik nach iwwer Méint zéien, well déi Responsabel zu Hollywood aktuell net bereet sinn ze verhandelen. Den Disney-Chef Bob Iger sot esouguer an engem Interview, dass dëse Streik scho bal eng Frechheet wier. Op dës Ausso huet dunn de Schauspiller Sean Gunn reagéiert a reegt sech iwwer d’Ongerechtegkeeten zu Hollywood op.

Wéinst dësem Streik wäerten och op der weltbekannter Comic Con zu San Diego keng Schauspiller, Auteuren oder Filmschafender zu Besuch sinn. An wéi gesot, de Streik kann nach eng Zäitchen daueren. Mir wäerten also op vill Blockbuster a Serien e Stéck méi laang waarde mussen.