
© Youtube
Den aktuelle Barbie-Film brécht feiert e weltwäite Succès.
Zanter Woche komme mir hei um Eldo punkto Kino net laanscht de Barbie-Film. Kee Wonner, en ass net just richteg gutt, ma kënnt och extrem positiv beim Public un, dat net just hei zu Lëtzebuerg, ma op der ganzer Welt. An just enger Woch huet de Film et fäerdeg bruecht, eng Rëtsch Rekorder ze briechen.
Hei fannt dir weider Infos zum Film.
Barbie ass de bis ewell erfollegräichste Film vum Joer 2023 an d’Eldo Redaktioun ass sech eens, et ass bis ewell och bei wäitem dee beschten.
Donieft ass Barbie no just enger Woch, den erfollegräichste Film vun allen Zäiten, dee vun enger weiblecher Regisseurin produzéiert gouf. Och ass de bis ewell erfollegräichste Film an de Karriäre vun den zwee Schauspiller Margot Robbie a Ryan Gosling.
Och huet Barbie weltwäit de bis ewell beschten Opening-Weekend an der Geschicht vu Warner Bros. ofgeliwwert. De Rekord gouf bis ewell 15 Joer laang vu Batman: The Dark Knight Rises gehalen. Dee Film gouf deemools iwwregens vum Christopher Nolan produzéiert, also dee Regisseur, deen elo zäitgläich mat Barbie de Film Oppenheimer an de Kino bruecht huet.
Wann d’Previsioune stëmmen, wäert de Christopher Nolan mat senge Batman-Filmer geschwënn kënnen apacken, well Barbie ass um beschte Wee den erfollegräichste Warner-Film vun allen Zäiten ze ginn.