Fir Horror-Fans goufen et rezent nei Detailer zu Saw 10.

Saw gehéiert ouni Zweiwel zu den erfollegräichste Franchisen am Horror-Genre. Fans bedaueren awer zanter Joren, dass d'Filmer am Laf vun de Joren ëmmer méi schlecht gi sinn. Si géifen sech virun allem ëmmer méi vun der ursprénglecher Geschicht distanzéieren. Fir all d'Kritiker gëtt et bei Saw X awer elo Grond fir ze feieren.

D'Handlung vum 10ten Deel spillt nämlech tëscht dem éischten an dem zweete Film, déi bei ville Fans als Highlighte vun der ganzer Franchise gëllen. Dat heescht zäitgläich, dass mir eis op e Comeback vum legendäre Jigsaw-Killer John Kramer (Tobin Bell) kënne freeën. A wien déi éischt Deeler nach am Kapp huet, wäert sech erënneren, dass den Jigsaw eng Schülerin hat. Deementspriechend wäert a Saw X och d'Amanda Young (Shawnee Smith) nees mat dobäi sinn.

Punkto Story kämpft den John Kramer weiderhi géint seng Kriibs-Erkrankung. A senger Verzweiwlung sicht hien Hëllef bei enger experimenteller Behandlung a Mexiko. Hei handelt et sech allerdéngs ëm Bedruch vun enger Gang, déi bewosst d'Hoffnung vun doudkranke Mënschen ausnotzt fir Profit ze maachen. An och wann den John Kramer just nach zwee Méint ze liewen huet, setzt hien all Sekonn dorunner, sech un de Gangsteren ze rächen.

Saw X kënnt de am Hierscht dëst Joer an de Kino.