
Eise Kino-Expert Massimo huet eng ganz kloer Meenung wat déi aktuell Kriticken zum neien Disney-Film ugeet.
Disney feiert elo am Hierscht säin 100te Jubiläum an esouvill flott Stonne mir alleguer mat Disneyfilmer verbruecht hunn, de Studio steet zanter enger Zäitchen an der Kritik. Ënnert anerem wéinst dem aktuellen Trend, vun all Klassiker onbedéngt mussen eng Realverfilmung ze maachen. Déi sinn zum Deel OK (The Lion King), zum Deel richteg gutt (Arielle - The Little Mermaid), ma meeschtens sinn se awer, Pardon fir den Ausdrock, e Vull fir d’Kaz (Dumbo, Pinocchio, Peter Pan & Wendy).
An de nächste Jore stinn dann nach ënnert anerem Remakes vu Vaiana, Aristocats, The Lion King 2 a Snow White um Agenda. An bei Schneewittchen ass den Internet aktuell komplett amgaang ze eskaléieren.
Dir erënnert Iech jo nach un Arielle... Wat war dat e Skandal, wéi Disney sech fir eng afroamerikanesch Schauspillerin mat schwaarzen Hoer decidéiert huet. A wat war schlussendlech de Fazit? D’Halle Bailey huet esouwuel a senger Roll wéi och als Schauspillerin op ganzer Längt iwwerzeegt!
An d’Kritiker vun deemools mellen sech elo nees zréck. De Grond, Schneewitchen, dat säin Numm jo wéinst der schnéiwäisser Haut huet, ass an der Realverfilmung eng Latina, gespillt vum Rachel Zegler, dat een ënnert anerem aus West Side Story kennt. Leit, mir lierwen am Joer 2023... méi brauch ech op dëser Plaz net ze soen!
Ma nach méi grouss ass d’Kritik wéinst dem Changement vun der Story. De magesche Kuss vum Prënz, deen d’Schneewittchen aus sengem déiwe Schlof befreit, soll nämlech ewechfalen. Ma léif Kritiker, vergiesst net, dass Disney eng Entreprise ass. Wat géif eréischt geschéien, wann déi Responsabel keng Changementer géifen duerchféieren? Ech si perséinlech frou, dass een decidéiert huet, mat der Zäit ze goen a Fraen als eegestänneg a staark Wiesen duerzestellen. Just well den Original anescht war, heescht net automatesch, dass de neien Deel schlecht gëtt!
Snow White kënnt am Fréijoer nächst Joer an de Kino.