Dem Greta Gerwig säi "Barbie" brécht Rekord no Rekord an ass um beschte Wee deen erfollegräichste Warner-Film ever ze ginn!

Elo gëtt et eng déck Iwwerraschung fir alleguer d'Fans: De Film mam Margot Robbie a Ryan Gosling an den Haaptrolle kënnt am September nach eng Kéier nei an d'Kinoen. Dat hu Warner Bros. an IMAX elo ugekënnegt. Vum 22. September 2023 un, wäert "Barbie" exklusiv fir eng Woch an amerikaneschen IMAX-Kinoen an op e puer ausgewielten internationalen Écranen lafen. Zuschauer*inne kommen heibäi an de Genoss vu bis elo onverëffentlechte Post-Credit-Zeenen, déi d'Regisseurin Greta Gerwig perséinlech selektionéiert huet. Ob deen neie "Barbie" och hei zu Lëtzebuerg an d'Kinoe kënnt, ass bis elo nach net gewosst.

"Mir hu 'Barbie' fir déi grouss Leinwand realiséiert. Dofir ass et elo extrem opreegend, dass mir de Film endlech am IMAX brénge kënnen", erkläert d'Gerwig an engem Statement. Mat den zousätzlechen Zeene wéilt een all "Barbie"-Fan Merci soen.

Bis elo war fir "Barbie" keng Plaz am IMAX, well dem Christopher Nolan säin "Oppenheimer" do gelaf ass. De Biopic, dee gläichzäiteg mat "Barbie" erauskomm war, gouf mat IMAX-Kamerae gedréit an hat dofir bis elo Virrang.