
© YouTube Screenshot
Den 30. August leeft deen neie Film "The Equalizer 3" hei zu Lëtzebuerg an de Kinoen un.
Well Dësen den Zousaz-Titel "The Final Chapter" dréit, huet u sech jidderee geduecht, dass et dee leschten Deel vun der Rei wier. Domat wier et och déi lescht Chance fir den zweefachen Oscar-Gewënner Denzel Washington an der Roll vum Robert McCall ze gesinn. Sollt "The Equalizer 3" awer genuch Suen an d'Keese spillen, kéinte Gespréicher iwwert eng méiglech Fortsetzung séier opgeholl ginn. An engem Interview mat NME huet de Regisseur Antoine Fuqua sech nämlech elo driwwer geäussert, wéi d'Geschicht vum Robert McCall an Zukunft weidergoe kéint.
Wéi de Fuqua erkläert, hätt hie scho Gedanken am Kapp, fir an d'Vergaangenheet vum McCall anzedauchen a seng Zäit als déidleche Spioun fir d'Regierung weider ze behandelen. Heibäi wéilt de Regisseur eventuell op kënschtlesch Intelligenz an déi sougenannten "De-Aging-Technologie" zeréckgräifen. Den Denzel Washington hätt also nach ëmmer d'Haaptroll, géif ebe just digital méi jonk gemaach ginn. Bis elo hätt hien awer just mam Dréibuch-Auteur Richard Wenk iwwert d'Pläng geschwat, nach net mam Schauspiller. Hie wéilt sech nach e bësse méi Zäit huelen an d'Technologie weider beobachten, esou de Regisseur.
Am neien "The Equalizer 3" kritt de Robert McCall et mat der Mafia aus Süditalien ze dinn.