De Schauspiller huet rezent matgedeelt, wéi hien zu enger weiderer Fortsetzung vun Zorro steet.

Den Antonio Banderas kennen ech virun allem duerch seng Roll als Zorro. Den éischten Deel 1998 war absolutt genial. Den zweeten Deel, 2005, däitlech méi schlecht. Trotzdeem sinn d’Filmer bis haut Kult.

Wéi de Schauspiller elo an engem Interview verroden huet, goufen et iwwer d’Joren tatsächlech ëmmer nees Pläng eng wieder Fortsetzung ze maachen. Och de Numm Quentin Tarantino als potenzielle Regisseur wier ënnert anerem gefall.

De Banderas wéilt mat sengen 63 Joer awer net méi den Zorror selwer spillen. Vill méi de Mentor, deen d’Roll un e méi Jonken iwwergëtt. Geet et no him, wier hei de Schauspiller Tom Holland e gudde Choix.

Ob e weideren Zorro elo tatsächlech Realitéit gëtt, bleift ofzewaarden.