De Schauspiller huet sech rezent iwwer d'Annulatioun vu Black Adam 2 geäussert.

Mat Black Adam huet den Dwayne Johnson lescht Joer e neie Superheld aus dem DC-Universum an de Kino bruecht. Jiddereen huet sech eng Fortsetzung erwaart, ëmmerhin hat de Film den erfollegräichste Kino-Start an der Karriär vum Schauspiller. De Blockbuster huet och de Grand Public iwwerzeegt, erreecht Black Adam op RottenTomatoes zum Beispill e Rating vun 88%.

RTL

© Rotten Tomatoes

Ma awer ass Black Adam 2 annuléiert ginn. De Grond, d’Kritiker ware vum Film manner begeeschtert an och ass en mat 391 Milliounen Dollar Akommes, wäit hannert den Erwaardunge bliwwen.

Wéi den Dwayne Johnson elo an engem Interview verroden huet, fënnt hien dës Decisioun schued. Natierlech wier et net gutt, wann e Film net esou ofschneit, wéi erwaart. Trotzdeem muss een op d’Fans lauschteren an déi hätten sech zu engem Groussdeel en zweeten Deel gewënscht.