Fluch der Karibik 6 ass an der Maach, ass dat d'Chance fir den Johnny Depp zeréck an d'Filmbranche ze kommen?

No deenen éischten dräi "Fluch der Karibik" Filmer, mam Jack Sparrow, Will Turner an Elizabeth Swan, waren déi 2 lescht wierklech net ganz dat wat een sech ënnert enger gudder Fortsetzung virgestallt huet. Mam neie Film sollen awer all d'Erwaardungen erfëllt ginn. Den Auteur Craig Mazin huet an engem Interview mat LA Times verroden dass hie géing un engem Reboot vu Fluch der Karibik schaffen, respektiv hat hien dat virum aktuellen Auteuren- a Schauspiller-Streik zu Hollywood gesot.

D'Dréibuch vu Fluch der Karibik 6 ass awer net nëmmen dem Craig Mazin seng Aarbecht eleng, well och den Ted Elliot, dee scho bei deenen éischte Filmer matgewierkt huet, huet och hei seng Fangeren am Spill. De Craig Mazin huet gemengt Disney géing nimools hiert Skript kafen, well et einfach ze verréckt wier. Mee falsch geduecht, Disney huet d'Skript kaf! Doduerch dass am Moment de Streik ass, heescht et awer waarden.

Dat kléngt jo alles ganz villverspriechend, mol hoffen dass de Film de Streik och iwwerlieft an dann och wierklech realiséiert ka ginn. Déi grouss Fro, déi elo am Raum steet ass ob mir eis ob e Comeback vum Johnny Depp a senger Roll als Captain Jack Sparrow freeë kënnen. De Produzent Jerry Bruckheimer huet géigeniwwer der The Times verroden, dass hien de Schauspiller onbedéngt a senger Kult-Roll zeréck brénge wëll.