
© Youtube
Am November bréngt Dreamworks säi neien Animatiounsfilm eraus. De Soundtrack dozou kënnt vun der Boyband *NSYNC.
Wien u Boybands denkt, deem kommen automatesch Nimm wéi Take That, Backstreet Boys oder och *NSYNC an de Kapp. Mëttlerweil ass et 21 Joer hier, dass déi fënnef Membere getrennte Weeër ginn. Zanter 2002 ass et awer ganz kloer den Justin Timberlake, deen als Solokënschtler am meeschte Succès feiere konnt.
Bei den MTV VMA's hunn *NSYNC awer fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt, wéi si bemol op der Bün stoungen an dem Taylor Swift den Award fir Best Pop iwwerreecht hunn.
Zanterhier gëtt am Internet wëll spekuléiert, wat et mat sengem Optrëtt kéint op sech hunn. Vill Leit schwätze vun neier Musek, erhoffen sech awer virun allem eng grouss Reunion-Tour, wéi et och scho Bands wéi d'Backstreet Boys virgemaach hunn. Dass d'Boyband e weidere Video aus engem Lift gepost hunn, feiert déi verschidde Gerüchter just nach méi un.
Elo wësse mir awer wat hannert dësem Comeback stécht. *NSYNC bréngen de 29ten September mat Better Place nämlech eng nei Single op de Marché. Dës ass de Soundtrack zum neien Animatiounsfilm Trolls Band Together, deem am November soll an de Kino kommen.
Passenderweis geet et och am Film ëm d'Reunion vun enger bekannter Boyband.