Nächst Woch kënnt dir bei ärem Kino-Besuch nees richteg Geld spueren.

Vum 20ten bis den 23ten September sinn hei am Land nees d'Film Days.

Wärend dëser Period kascht all Film just 6 Euro (Hors Supplément).

Betraff si sämtlech Lëtzebuerger Kinoen vu Kinepolis, Caramba a Cinextdoor.

De Virverkaf fänkt Méindes, den 18ten September um 18h00 un.