Rezent goufen et nei Detailer zum nächste Bad Boys Film.

Am Januar 2020 ass Bad Boys For Life an de Kino komm an de Blockbuster war e riise Succès.

Ufanks war net geplangt e véierten Deel ze maachen, ma well de Film esou gutt ukomm ass, koum een ëm eng weider Fortsetzung net ronderëm. Bad Boys 4 kënnt de 14te Juni 2024 an de Kino an dréit de Numm Bad Boys Ride or Die. Donieft sot de Regisseur El Arbi, dass de neie Film wesentlech méi witzeg gëtt a méi a Richtung Comedy geet. De véierten Deel soll net esou dramatesch ginn wéi Bad Boys For Life. Dat fannen ech perséinlech schued well genee dat huet den drëtten Deel esou gutt gemaach.

Donieft soll net de Will Smith mee de Martin Lawrence méi am Fokus vun der Story stoen. Et wéilt ee nämlech de Charakter Marcus Burnett méi an de Virdergrond stellen.