De Nicolas Cage feiert mat Dream Scenario säi grousse Comeback.

Den Nicolas Cage war jorelaang e gefeierte Schauspiller an Action-Star. Hautdesdaags ass hien eng Legend, jo scho bal e Mythos, wat awer virun allem dorunner läit, dass hien ëmmer nees fir Memes benotzt gouf. Seng lescht grouss Succèsen an der Schauspillerei sinn awer scho laang hier.

Par Contre mécht hien sech zanter e puer Joer nees en Numm, virun allem duerch seng Aarbecht bei Independant-Filmer. Säi neiste Film Dream Scenario gouf vum Produktiounsstudio A24 an Opdrag ginn an deen ass bekannt dofir, eng vun de wéinegen Adressen an Hollywood ze si, bei där et nach kreative Fräiraum gëtt. Dem Nicolas Cage seng Performance soll hei esou gutt sinn, dass vill Kritiker soen, se hätt scho bal en Oscar verdéngt.

De Paul Matthew ass e langweilegen an duerchschnëttlechen Typ, deen am Liewe keng gréisser Experimenter méi mécht. Enges Daags fänkt hien awer un an den Dreem vun anere Leit opzedauchen. Dee Phänomen trëtt awer net just bei enge Bekannten op mee och bei frieme Leit op der ganzer Welt. Sou gëtt de Paul lues a lues zum absolutte Star ma iergendwann fänken seng Dreem un sech selbstänneg ze maachen.

Dream Scenario soll am November an den USA an de Kino kommen. E Release-Datum fir Lëtzebuerg gëtt et bis ewell nach net.