Leschte Freiden huet den däitsche Museker Nico Santos säin 2. Studio-Album mam einfachen Titel "Nico Santos" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Dat Mierkmol un deem een den Nico Santos ënner Dausenden ëmmer erëmerkenne géif, ass natierlech seng ganz markant Stëmm. Déi eng betitelen se als "Eng Stëmm déi verzaubert." - fir mech perséinlech kléngt et awer éischter esou, wéi wann de Santos immens forcéieren an op d'Stëmm drécke géif.

Thematesch gesinn ass dem Nico Santos säi "self-titeled" Album sécherlech ganz emotional a perséinlech. Am Song "Walk In Your Shoes" verschafft hien zum Beispill den trageschen Dout vu sengem beschte Kolleeg, hie schwätzt iwwert d'Enn vu senger 4-järeger Bezéiung a betount wéi wichteg him seng Famill ass. Um Track 6 "Changed" spillt säi Papp esouguer e Saxophon-Solo. Et ass e Lidd dat ganz e bëssen un de Sound aus den 80er-Joren erënnert - den Nico a säi Papp hunn ëmmer vill Musek aus där Zäit gelauschtert wa si zesummen ënnerwee waren.

"Nico Santos" SNIPPET

Di zwee Lidder "Unforgettable" a "Rooftop", och wann mat neier Besetzung, hätt ee sech definitiv kënne spueren - dat eent ass schonn 3, dat anert 2 Joer al. Alles an allem geléngt dem Nico Santos op sengem neie Release e gudde Mix aus diverse Stiler, méi awer och net. D'Melodien huet ee gefillt schonn Dausend Mol héieren an di lues Balladen passe fir mech einfach net bei seng Stëmm.