Leschte Freiden huet d'Alma säin Debut-Album "Have U Seen Her?" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Wéi ech dem Alma säin neien Album fir di éischte Kéier gelauschtert hunn, ass mir eppes direkt positiv opgefall: D’Musekerin huet nëmmen neit Material op “Have U Seen Her?” drop. Wann ee schonn esou vill erfollegräich Lidder hat ewéi d’Alma, ass dat net onbedéngt selbstverständlech – vill Kënschtler hätten a senger Plaz warscheinlech d’Lidder mam Felix Jaehn oder mam Martin Solveig a seng Solo-Hits “Chasing Highs” a “Lonely Night” mat drop gemaach, einfach wéinst den Nimm a fir méi Opmierksamkeet ze kréien. Net esou awer d’Alma, hatt huet op sengem Debut-Album säi ganz eegene Stil verwierklecht.

“Have U Seen Her?” ass en däischteren Album, et sinn R&B- an Trap-Aflëss ze héieren an och dem Alma seng Punk-Wuerzele kommen heiansdo zum Virschäin. Dobäi komme ganz perséinlech Themen. Meng Highlights um Album sinn “My Girl”, “Mama” an “LA Money” – an deem leschten Titel geet et ëm d’Stad Los Angeles, an där d’Sängerin e gudden Deel vu sengem Album opgeholl huet. D’Alma sengt doriwwer, wéi krass hatt sech wärend senger Zäit zu LA zum schlechte verännert huet an datt et do just ëm Suen an Erfolleg geet.

Och wann een oder zwee méi roueg Lidder dem Album gutt gedoen hätten, einfach fir tëscht där ganzer Power-Stëmmung emol kuerz erofzekommen, gefält mir dem Alma säin “Have U Seen Her?” richteg gutt. Coole Sound, uspriechend Texter an eng Sängerin déi sech selwer trei bleift, egal wat di aner soen.