Leschte Freiden huet di brittesch Indie-Rock-Band The 1975 hiren 3. Studio-Album "Notes On A Conditional Form" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Genee esou ewéi schonn op deenen dräi Albe virdrun, ass deen éischten Track op “Notes On A Conditional Form” benannt no der Band: “The 1975”. An dës Kéier hunn d’Museker sech eppes ganz Besonnesches dofir afale gelooss. Am Lidd ze héieren ass nämlech eng Ried vun der Klima-Aktivistin Greta Thunberg, déi mat de Wieder “it is now time for civil disobedience, it is time to rebel” ophält. Dee perfekten Iwwergang op dee sozial-kriteschen Hard-Rock-Song “People”.

Esou rau a rebellesch ewéi den Album ufänkt, esou ginn et och ëmmer erëm roueg, scho bal meditativ Momenter. Gutt Beispiller dofir sinn d’Lidder “Guys” an “Having No Head”.  “Notes On A Conditional Form” ass definitiv kee klanglech-kohärenten oder eenheetlechen Album an awer erkennt ee ganz kloer d’Identitéit vum Matt Healy a senge Band-Kolleegen erëm. The 1975 bedreiwen “Genre-clashing” – an der Konscht géif ee vun Eklektizismus schwätzen – a vermëschen Indie, Rock, Punk, Folk, Pop, Elektro, House an nach esou zimmlech alles wat hinnen an d’Fanger kënnt. Eraus kënnt en eenzegaartege Sound, deen éierlech gesot heiansdo e bëssen irritéiert. Gutt, datt e bësse méi verdaulech Lidder – am gudde Sënn gemengt – ewéi “Me & You Together Song”, “If You’re Too Shy (Let Me Know)” oder “The Birthday Party” ee vun deem verréckten Trip heiansdo zeréck op de Buedem huelen.

“Notes On A Conditional Form” vun The 1975 ass sécherlech keen Album fir jiddereen. Et ass schwéiere Kascht, fir deen ee sech beim Lauschteren Zäit huele muss. Wann ee sech awer drop aléisst, ass d’Erliefnes et wierklech derwäert.