Leschte Freiden huet d'Lady Gaga säi mëttlerweil 6. Studio-Album "Chromatica" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Op sengem neien Album verstoppt d’Lady Gaga seng richteg Intentiounen hannert enger greller Mask. Anescht ewéi de Sound et suggeréiert, geet et op "Chromatica" nämlech net ëm Party an Disco, mee ëm ganz eescht a perséinlech Themen – danzen dierf een trotzdeem.

“Chromatica” ass an 3 Akten ënnerdeelt, ze erkennen un deenen instrumentalen Interludes déi vun engem Orchester agespillt goufen. Och wann di kuerz Extraiten ufanks e bëssen irritéieren, hu se de positiven Nieweneffekt, datt den Nolauschterer tëscht där ganzer extatescher Power fir e kuerze Moment erofkomme kann.

Duerno hëlt d’Lady Gaga eis awer erëm mat a seng rosa 80er- an 90er-Welt a liwwert ee Party-Hit no deem aneren. Di gutt Laun täuscht awer: “I’m not having fun tonight” heescht et am Track 6, et geet ëm der Sängerin hiren ënnerleche Konflikt – di eng Säit genéisst d’Liewen als Kënschtler-Perséinlechkeet an déi aner hätt einfach gäre seng Rou. Aner Sujeten um Album sinn dem Lady Gaga seng psychesch Erkrankung, sexuell Belästegung an Akzeptanz.

Den nostalgesche Retro-Disco-Sound läit voll am Trend a steet dem Lady Gaga richteg gutt, och wann den Album doduerch heiansdo e bëssen ze eesäiteg wierkt. Trotzdeem ass "Chromatica", mat sengen déifgrënnegen Themen an deem schmassege Sound, en Album dee beim Lauschtere ganz vill Spaass mécht.