U sech hat hie sech geschwuer ni méi en Album ze produzéieren. 2 Joer no sengem Debut huet de Fynn Kliemann mat "Pop" dann awer elo nei Musek erausbruecht!

Lauschtert eran!

De Fynn Kliemann ass e Liewenskënschtler: Schauspiller, YouTuber, Auteur, DIY-Kinnek an och Museker. A sengem Liewe gëtt et wuel keng roueg Minutt. Hien ass quasi süchteg duerno Iddien ëmzesetzen, egal mat wéi vill Opwand dat verbonnen ass. Seng aktuell Projeten: En Hausboot an e schwammenden Tounstudio ëmbauen a “Pop” – deen neien Album, op deem sech seng DIY-Mentalitéit a säin dach chaotesche Liewensstil gutt erëmspigelen. Den Album ass nämlech deelweis méi graff produzéiert a wierkt duerch verschidden Audio-Schnëppel a Sound-Iddien e bësse verfuer.

Meng perséinlech Highlights sinn den Track 1 “Eine Minute”, an deem de Kliemann sech d’Fro stellt wat alles esou an enger Minutt geschéie kann, an d’Lidd “Frieden mit der Stadt”. Ewéi den Titel et verréit, schléisst de Bauerenhaff-Besëtzer Fynn Kliemann iwwert engem Old-School-Hip-Hop-Beat dora Fridde mat Groussstied. Geschriwwen huet hien de Song iwweregens op engem Héichhaus-Daach a Syrien.

Fynn Kliemann "Pop" - Snippet

Wat u “Pop” immens impressionant ass, ass déi scho bal rebellesch Opmaachung vum Album. De Fynn Kliemann huet den Album iwwert säin eegene Label erausbruecht, deen hie vun Ufank u selwer opgebaut huet. Ewéi scho bei sengem Debut huet hie “Pop” och just eng eenzeg Kéier physesch produzéiere gelooss, natierlech méiglechst ëmweltfrëndlech, a vun all Bestellung geet 1€ un nei Kënschtler. Een deen den Album net virbestallt huet, hat also Pech – de Fynn Kliemann mécht alles eben e bëssen anescht. An och wann de selwer-ernannten “Heimwerkerkönig” an den Texter heiansdo ze vill an déi typesch Däitsch-Pop-Floskele verfält, huet den Album mech virun allem duerch de Sound iwwerzeegt.