Schonn Enn Mee huet den norwegesche Museker säin 3. Studio-Album "Golden Hour" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Trotz Coronavirus an d’Vakanz: De Kygo mécht et méiglech! Op sengem neien Album “Golden Hour” sinn 18 Lidder, déi een direkt bei 30 Grad op iergendeng Plage am Süde versetzen. “Tropical-House satt” ewéi ee bei eisen däitschen Nopere géif soen, dat Ganzt mat engem gudde Schotz Avicii. Virun allem op de Lidder “Beautiful” a “Feels Like Forever” ass den Afloss vum schwedesche Mega-Star kaum ze iwwerhéieren.

Eppes muss een dem Kygo loossen: Hien hält seng Verspriechen. Zanter Oktober 2018 huet hien nämlech säin eegent Label mam Numm “Palm Tree Records” – e Sprangbriet fir kleng an onbekannt Kënschtler. An op “Golden Hour” huet de Label-Chef direkt e puer vu senge Signings als Feature-Gäscht engagéiert. Valerie Broussard, Petey, Nick Furlong oder Dreamlab, fir der just e puer ze nennen. Donieft huet de Kygo d’Méiglechkeet genotzt, fir op sengem neien Album och mat ganz ville vu senge perséinleche Liblings-Kënschtler zesummenzeschaffen. Dorënner sinn héichkaräteg Nimm ewéi OneRepublic, Oh Wonder, Zara Larsson, Sandro Cavazza oder um bekannten Track “Higher Love” och déi verstuerwe Sängerin Whitney Houston.

Iwwerflächlech an onkreativ – dat sinn déi zwee Adjektiver, déi mir beim Kygo sengem “Golden Hour” direkt an de Kapp komm sinn. No all deene Joren hält hien ëmmer nach un een an deem selwechte Scheema fest, vun Innovatioun also keng Spuer. Generesch Lyrics, bëlleg Akkord-Follgen an 0815-Melodien, déi een allerspéitstens no der Hallschent vum Album dozou beweegen auszeschalten.