Leschte Freiden huet den John Legend säin neien Album "Bigger Love" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Och wann den John Legend säin neien Album scho virun der Coronakris a virun de Black-Lives-Matter-Protester fäerdeg geschriwwen a produzéiert hat, passt “Bigger Love” warscheinlech méi ewéi jee an déi aktuell Zäit. Mat senger Musek wëll de Sänger nämlech Hoffnung, Léift, Freed an Optimismus verbreeden an d’Matenee vu verschiddene Kulture feieren.

Wat de Sound ugeet, ass den John Legend op “Bigger Love” e bësse méi modern an dynamesch ënnerwee. Karibesch Steel Drums, en Hip-Hop-Sample vum Dr. Dre, e bësse Funk a ganz vill Soul – vun allem ass eppes dobäi. An natierlech dierf och déi eng oder aner Ballad net feelen. Ganz interessant sinn och déi 5 Feature-Gäscht déi de Legend um Longplayer drop huet. Besonnesch ervir stécht awer déi jamaikanesch Kënschtlerin Koffee, déi jéngste Persoun an déi éischte Fra iwwerhaapt, déi de Grammy Award fir dee beschte Reggae-Album gewonnen huet. Mat him huet den John Legend den Track 12 “Don’t Walk Away” opgeholl.

Wann ee Musek vum John Legend lauschtert fillt ee sech einfach direkt wuel. Säi Charme, seng Geloossenheet, d’Wäermt an d’Liichtegkeet a senger Stëmm – ech perséinlech kéint him warscheinlech stonnelaang nolauschteren. Och säin neien Album “Bigger Love” konnt mech iwwerzeegen, virun allem well e musikalesch immens ofwiesslungsräich ass.