
Leschte Freiden hunn déi dräi Schwësteren Este, Danielle an Alana Haim hiren 3. Album "Women in Music Pt. III" erausbruecht!
Modern. Kann engersäits heeschen: Eppes komplett Neies maachen dat et virdrun nach ni gouf. Oder ewéi Haim et maachen: Al Traditiounen nei interpretéieren. De Geschwëster-Trio, deen dacks mat Fleetwood Mac verglach gëtt, spillt mat verschiddene Stiler aus de 70er-, 80er- an 90er-Joren, fir genee ze sinn Pop, Country-Rock an Hip-Hop. Donieft ass den Album och eng Aart Hommage un hir Liblings-Kënschtler a Virbiller - d’Aflëss vum Sheryl Crow, dem Steve Miller oder dem Lou Reed si wuel kaum ze iwwerhéieren. Aus all deem maachen Haim eppes Eegenes a verpassen deem Alen en neien, oppenen an ofwiesslungsräiche Look.
Wärend dem Ensteeungs-Prozess vu „Women in Music Pt. lll“ hat all Schwëster mat engem individuellen Trauma ze kämpfen. D’Danielle war mat schwéieren Depressioune geplot, well bei sengem Partner dem Ariel Rechtshaid – deen den Album iwweregens mat produzéiert huet – Kriibs festgestallt gouf. D’Alana huet missten den Dout vun enger ganz enker Frëndin verschaffen an d’Este, dat Eelst, krut eng Diabetis-Diagnos déi säi Liewe fir ëmmer verännere wäert. Déi Erliefnesser veraarbechten Haim am Track 15 mam Titel „Hallelujah“ an deem jidderee vun deenen dräi eng Stroph sengt.
„Women in Music Pt. lll“ ass trotzdeem kengesfalls en trauregen Album – wuel melancholesch, mee zu kengem Zäitpunkt schwéierfälleg. Déi dräi Haim-Geschwëster erziele konkret Anekdoten aus hirem Liewen mat deenen een eppes ufänke kann a vermëttele mat der Liichtegkeet an hire Stëmmen e positive Message. Et ass en erfrëschenden Album, dee sech lount gelauschtert ze ginn.