Leschte Freiden huet de Rhys Lewis säin Debut-Album mam Titel "Things I Chose To Remember" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Op de Goût vun der Musek ass de Rhys Lewis schonn als Kand komm. Virun allem duerch säi Papp, deen owes reegelméisseg Blues-Melodien um Piano an der Stuff geklimpert huet. Dee klenge Rhys wollt dat dunn och léieren, huet allerdéngs misse feststellen, datt seng Fangeren nach ze kleng an ze schwaach wieren fir d’Taste vum Piano ze drécken. Richteg lassgaangen ass et dunn als Teenager, ewéi de Rhys ugefaangen huet Gittar ze léieren. Am Laf vun der Zäit huet seng musikalesch Ausriichtung sech awer e bësse verännert, hien huet nämlech ugefaange seng eege Lidder ze schreiwen. Zu senge Virbiller ziele Gréissten ewéi Carole King, Paul Simon, Leonard Cohen oder Bruce Springsteen. 4 Joer no senger Debut-Single huet de Rhys Lewis dann elo endlech säin Debut-Album „Things I Chose To Remember“ erausbruecht.

De Museker vun Oxford verschafft um Longplayer d’Trennung vun engem Laangzäit-Partner. Och wann et deementspriechend e relativ trauregen Album ass, gefält mir gutt, datt de Lewis seng Energie ni verléiert an och positiv Tracks drop sinn, mat deenen hien no fir kuckt. Den Track 7 „Good People“ zum Beispill, an deem hien doriwwer séngt, wéi wichteg et ass Leit ronderëm sech ze hunn déi ee gär huet an op déi ee sech verloosse kann.

               "We've all got good people in life to be thankful for,
               So tell 'em how it is, how you couldn't live,
               Without the love they give,
               We've all got good people in life to be thankful for"
              (Rhys Lewis - "Good People)

E weideren Aspekt dee mir un „Things I Chose To Remember“ gutt gefält, ass datt den Album musikalesch ganz minimalistesch gehalen ass an dem Rhys Lewis seng villsäiteg Stëmm deemno net dout produzéiert ass, mee ëmmer am Virdergrond steet.

Rhys Lewis "Things I Chose To Remember" SNIPPET

Wann een de Rhys Lewis vun 2016 mat deem vun haut vergläicht, muss ee leider feststellen, datt seng Musek am Laf vun de Joren e bësse méi glat ginn ass, besonnesch op den Asaz vun der Gittar bezunn. Trotzdeem huet de Rhys en eegenen Twist fonnt fir seng Messagen eriwwerzebréngen a gëtt dem Nolauschterer d’Gefill ganz no drun ze sinn – och wann hien thematesch oder musikalesch näischt Neies erfonnt huet.