5 Joer no "Delirium" huet d'Ellie Goulding leschte Freiden säi ganz neien Album "Brightest Blue" erausbruecht!

Fir genee ze sinn ass dem Ellie Goulding säin neie Release esouguer en Duebel-Album, opgedeelt an eng A-Säit mam Titel “Brightest Blue” an eng B-Säit, déi den Titel “EG.O” dréit. Iwwert d’Opdeelung seet d’Sängerin selwer, datt deen éischten Deel ganz perséinlech ass. Hatt hätt selwer un den Texter, Melodien an Akkorde matgeschafft. Deen zweeten Deel wier éischter eng Aart “Alter Ego”. Dorop wiere Lidder mat deenen hatt virun allem an den USA erfollegräich wär an déi éischter fir de Radio geduecht wieren.

An den Texter geet et wéi üblech ëm Bezéiungen an “Herzschmerz”. Donieft behandelt d’Goulding awer och säi Wee als Kënschtlerin a bléckt op seng 10-järeg Karriär zeréck. Mäi perséinleche Favorit op “Brightest Blue” ass den Track 5 “Love I’m Given” an deem et genee dorëms geet: Decisiounen déi d’Sängerin haut anescht getraff hätt a virun allem wéi sech seng Visibilitéit bei de Leit dobaussen am Laf vun de Jore verännert huet.

Grouss Themen op “Brightest Blue” sinn och Emanzipatioun a Gläichberechtegung. Richteg cool, datt d’Ellie Goulding seng Plattform notzt fir aktiv op de Problem opmierksam ze maachen. Zum Beispill wënscht d’Sängerin sech eng komplett weiblech Plackefirma, an där nëmme Frae schaffe géifen. Hatt géif seng Lidder jo aus der Siicht vun enger Fra schreiwen a géif et spannend fannen, wéi e weibleche Boss vu senger Plackefirma op seng Musek reagéiere géif. E ganz interessanten Usaz, deen dem Ellie Goulding senger Meenung no Villes ännere kéint.

Musikalesch fannen ech “Brightest Blue” éierlech gesot net esou wierklech Dat. Den Album plätschert einfach esou viru sech hin, a konnt mech beim Lauschteren net wierklech paken.