Leschte Freiden huet d'Taylor Swift ganz iwwerraschend säin 8. Studio-Album "folklore" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Iwwerraschung! Ausgerechent d’Taylor Swift, dat seng Album-Releases üblecherweis akribesch, jo esouguer perfektionistesch plangt, dat reegelrecht Hollywood-Produktiounen als Musek-Videos erausbréngt an dat souwisou ëmmer vill Tam Tam ronderëm seng Persoun mécht, huet einfach emol e puer Stonne virdrun annoncéiert, datt en neien Album vun him erauskënnt, dee komplett an der Corona-Quarantän entstanen ass: “Folklore”.

Iwwerraschung Nummer 2! Wien en Taylor Swift à la “Gorgeous”, “Blank Space”, “Bad Blood” oder “You Need To Calm Down” erwaart, kann direkt erëm ausmaachen. D’Taylor Swift mécht nämlech elo Indie! E groussen Deel vu “Folklore” ass zesumme mam Aaron Dessner vun The Nationals produzéiert a geschriwwe ginn. Donieft hunn och den Jack Antonoff an de Bon Iver um Album matgeschafft. Erauskomm ass e ganz rouegen a melancholeschen Album, deen éischter no Hierscht ewéi no Héichsummer kléngt.

D’Taylor Swift verschafft d’Coronakris e bëssen anescht ewéi déi Meescht. Hatt blent d’Realitéit komplett aus a probéiert an d’Geschicht, an Erënnerungen an an d’Fantasie ze flüchten. D’Swift séngt iwwert Erfarungen aus der Zäit viru sengen Erfolleger, doriwwer wéi hat an de Viruerter vu Pennsylvania opgewuess ass, iwwert seng fréier Frëndin d’Betty oder iwwert vergaange Bezéiungen. Esou zum Beispill am Album-Opener “the 1” – “It would have been fun, if you would have been the 1”.

Taylor Swift "Folklore" SNIPPET

All Respekt fir d’Taylor Swift, datt hatt sech traut eppes Neies ze maachen an dat einfach emol sou op de Marché bréngt. Musikalesch begeeschtert mech “Folklore” awer éischter manner, den Album bitt wéineg bis guer keng Highlights a bleift déi 16 Tracks iwwer déi ganzen Zäit op deem selwechten zéie Level.