Virun e puer Wochen huet den Dominik Fike seng nei Single „Chicken Tenders“ eraus bruecht, elo huet den amerikanesche Museker säin Debütalbum presentéiert.

Lauschtert eran

Hip-Hop kombinéiert mat entspaantem Surfer-Sound- dofir steet den Newcomer Dominic Fike. Ganz onbekannt war dee 24 Joer ale Museker allerdéngs net méi, wéi hien Enn Juli säin éischten Album mam Titel „What Could Possibly Go Wrong“ releast huet. Schonn zejoert hu Staren wéi Billie Eilish an DJ Khaled sech als Dominik Fike-Fans deklaréiert an dem Rapper sou gehollef, weltwäit bekannt ze ginn.

Op sengem Debütalbum probéiert hien elo, nieft entspaantem Gittarepop all méiglech aner Genren ënnert engem Daach ze regruppéieren. Sou fënnt een um Album zum Beispill klasseschen Charts-Pop mam Song „Chicken Tenders“, R&B-Sound um Titel „Vampire“, awer och Elektroballaden wéi „Florida“.

Sou ganz geet dat leider net op, well zum Deel wierkt des Mëschung e bësse chaotesch a oniwwerluecht zesumme gestallt. Et vermësst een ee roude Fuedem, deen duerch den Album féiert. An Zäiten an deene Playlëschten de Musekskonsum vun eiser Generatioun bestëmmen, ass dat allerdéngs just nach Niewesaach.

Wat d’Songtexter betrëfft, huet den Album net allze vill ze bidden. Zwar setzt den Dominik Fike sech op eenzele Lidder mat politeschen a gesellschaftleche Problemer vun eiser Zäit auserneen (wéi op „Politics & Violence“), mee besonnesch vill Déifgang sollt een hei net erwaarden.

Snippet

Dofir ass de Sound, deen zum Deel u Post Malone erënnert, op ville Lidder iwwerzeegend. E bëssen Autotune däerf zwar och beim Dominik Fike net feelen, mee glécklecherweis setzt hien d‘Stëmmverzerrung a Mossen an erhält senger Musek domat een authentesche Sound.

Fazit: Frëschen, onverbrauchten Hip-Hop, deen d‘Grenzen vum Genre erweidert. Derwäert ze lauschteren!