Eigentlech war den Album scho virun der Coronakris fäerdeg, erauskomm ass en awer eréischt leschte Freiden!

Lauschtert eran!

Trotz deene ville gesellschaftlechen, politeschen an ökologesche Baustellen déi mir aktuell erliewen, wiere Biffy Clyro sech vehement dogéint a Weltënnergangs-Stëmmung ze verfalen. Mat hirem neien Album “A Celebration Of Endings” wëlle si positiv Vibes verbreeden an de Message vermëttelen, datt Verännerungen net ëmmer nëmmen negativ musse sinn, mee datt ee virun allem déi gutt Säite soll gesinn.

Musikalesch gesinn geet et um Longplayer ferm dowidder. Biffy Clyro hunn hir Power an hir Energie am Laf vun de Joren definitiv net verluer. Mat raue Gittare-Parts a zolitte Bass-Lines suergt den Trio dofir, datt een am léifsten virun enger Festival-Bün headbange géif. Donieft dierfen – nom grousse Succès vu “Many of Horror” a “Re-Arrange” – natierlech och e puer méi roueg Lidder net feelen: “Opaque” a “Space”.

Ëmmer erëm kënnt der Band hiert kompositorescht Talent zum Virschäin, esou hunn d’Museker an de Lidder och e puer kleng Feinheeten agebaut. Zum Beispill de 7/8-Takt am Refrain vu “Weird Leisure” – fillt sech ufanks e bëssen ongewinnt un, no kuerzer Zäit huet ee sech awer schonn dru gewinnt.

Biffy Clyro "A Celebration Of Endings" SNIPPET

D’Meenungen iwwert deen neien Album vu Biffy Clyro gi wäit auserneen. Déi eng soen, datt d’Formatioun ëm de Simon Neil sech mat “A Celebration Of Endings” mat Vollgas an de Ruin katapultéiert hätt, anerer luewen déi schottesch Band immens. Ech perséinlech gesinn de Longplayer gemëscht, trotz e puer coole Songs feele mir musikalesch Nuancen – iergendwann ass alles einfach nëmmen nach haart – an déi zwou Singelen “Instant History” an “Tiny Indoor Fireworks” hätt ee sech wierklech kënne spueren.