Leschte Freiden huet de blackbear säin neien Album "everything means nothing" erausbruecht!

Lauschtert eran!

“Sief du selwer a fill dech gutt dobäi!” Dat ass de Message deen de blackbear mat sengem neien Album vermëttele wëll. D’Liewe wier net komplett sënnlos, mee et sollt een et och net all ze eescht huelen, esou beschreift de Museker seng Opfaassung vum Liewen – erkläert iwweregens och den Titel “everything means nothing”.

D’Talent fir Hits ze schreiwen ass beim blackbear op allefalls do! Dat huet hien an der Vergaangenheet schonn als Produzent a Songwriter bewisen a bestätegt dat och elo als Solo-Kënschtler: “hot girl bummer”, “me & ur ghost” oder “queen of broken hearts” – an och quasi alleguer déi aner 9 Tracks um neie Longplayer kann een definitiv als Pop-Banger bezeechnen. Mol e bësse méi Disco ewéi op “half alive” oder bësse méi Hip-Hop ewéi op “clown” zesumme mam Trevor Daniel.

Do läit dann awer och de Problem vun “everything means nothing”: Mir perséinlech feelt d’Musikalitéit! Déi 12 Tracks um blackbear sengem neien Album kléngen nämlech alleguer zimmlech d’selwecht. Dat geet vun den Themen déi hien an de Lidder uschwätzt, iwwert de Song-Opbau an d’Melodien bis hinn zu de Claps, déi a ganz ville vun de Beats mat agebaut sinn.

Fazit: Op “everything means nothing” sinn 12 Lidder drop, déi als Single alleguer gutt komme géifen, zesummen als Album awer net funktionéieren.