Leschte Freiden huet d'Katy Perry säin neien Album "Smile" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Am Ganzen 12 Songs sinn op “Smile” ze fannen. Lidder, déi d’Katy Perry an deene leschten 2 Joer zesumme mat senger gewinnt héichkaräteger Gard u SongwriterInnen a ProduzentInnen geschriwwen huet. Lidder, déi an enger ganz schwéierer Liewens-Phas entstane sinn an där d’Sängerin mat der Léift ze kämpfen hat a seng Plaz an der Museks-Industrie hannerfrot huet. Deen neien Album soll awer virun allem inspiréieren an Hoffnung spenden, fräi nom Motto “what doesn’t kill you makes you stronger”.

A genee esou kléngt den Album och: Gutt Laun an energiegelueden. Donieft verklickert d’Katy Perry eis déifgrënneg Messagen ewéi datt e Reebou jo just duerch de Reen zum Virschäin kënnt oder datt ee jo awer d’Stäre fänke kann, wann den Himmel iwwert engem zesummebrécht. Bon, ech mengen de Message ass kloer: Stay positive!

E Lidd dat op d’mannst Sound-technesch e bëssen aus der Rei fält, ass den Track 10 mam Titel “Harleys in Hawaii”, deen d’Sängerin no engem Hawaii-Trip mat sengem Mann Orlando Bloom geschriwwen huet. Wéinst de coolen a lässege Vakanze-Vibes mäi perséinlechen Highlight um Album.

Katy Perry "Smile" SNIPPET

Um Enn muss ech awer soen, datt dem Katy Perry säi “Smile” mech absolut net iwwerzeege konnt. Musikalesch gesinn definitiv an der Kategorie “generesch” anzeuerdnen an och d’Texter bleiwe leider onperséinlech an iwwerflächlech. Déi richteg Problemer loosse sech eben net einfach esou verdrängen oder mat Schampes vergiessen. En Album fir eng Kéier ze lauschteren an e mat engem ganz grousse Laachen op de Lëpse ganz séier erëm ze vergiessen.