Schonn iwwer 6 Joer sinn d'Giant Rooks musikalesch aktiv. No 2 EPs hunn d'Museker elo endlech hiren Debut-Album "Rookery" erausbruecht!

Lauschtert eran!

D’Giant Rooks sinn eng vu menge perséinlechen Entdeckungen aus deene leschte Méint. Kennegeléiert hu mir se all awer schonn d’lescht Joer mat der Single “Wild Stare”.

Elo dann endlech den Debut-Album “Rookery” – e Begrëff dee fréier benotzt gouf, fir d’Viruerter oder d’Slums vun enger Groussstad ze beschreiwen. Als Slum géif ech déi däitsch Stad Hamm elo net bezeechnen, warscheinlech éischter als kléngt Provënz-Kaff. Do sinn déi 5 Schoul-Kolleegen opgewuess. An elo stierme si mat hirer neier Musek eraus an déi grouss, wäit Welt.

“Rookery” iwwerzeegt mat schmassege Melodien déi matrappen, deels Kino-räifem Sound a virun allem enger Energie ewéi net vill Bands se kënnen eriwwerbréngen.

D’Giant Rooks wierke mat hirer Ofgekläertheet an hirer Professionalitéit esou, wéi wann si schonn al Huesen am Musek-Business wären. Dobäi stinn déi 5 sympathesch Museker jo eigentlech eréischt um Ufank vun hirer Karriär. Op hirem Debut-Album weisen si engersäits hiert enormt Talent a maachen eis gläichzäiteg d’Verspriechen datt mir an Zukunft nach ganz vill vun hinnen erwaarde kënnen.