Laang war et roueg ëm Hurts. Mat der Single “Voices” huet den Duo am Mee endlech en neien Album ugekënnegt. Virun enger Woch ass “Faith” dunn erauskomm!

“Et war eng vu mengen däischtersten a schwéierste Perioden a mengem ganze Liewen”, esou beschreift de Sänger Theo Hutchcraft déi lescht Joren. An och den Instrumentalist Adam Anderson huet eng fuerchtbar Zäit hannert sech, an där hie mat mentale Problemer ze kämpfen hat an d’Zukunft vun Hurts – an nach villes méi – op der Kipp stoung. Den Duo huet sech awer zesummegerappt an déi Zwee hu sech géigesäiteg opgepäppelt. Mam Album “Faith” hunn si hir Liewensfreed an d’Léift zu der Musek erëmfonnt.

Musikalesch gesinn erënneren Hurts un hir Ufäng, méi genee un den Debut-Album “Happiness”. Waren déi lescht Alben éischter méi frou a positiv, esou ass “Faith” definitiv erëm de Géigendeel: Däischteren an deels mysteriéise Synthiepop mat deem d’Museker déi schwéier Zäit verschaffen, dat geet vu Vertrauensverloscht a Gott an a sech selwer bis hin zu Situatiounen ouni Auswee.

Hurts sinn zeréck! – eng Nouvelle iwwert déi ech mech immens gefreet hunn, virun allem well ech hir Harmonie als Duo an dem Theo seng Stëmm immens gär hunn. Trotzdeem hätten d’Lyrics heiansdo méi konkret kënne sinn an d’Band hätt sech musikalesch e bësse méi traue kënnen. Fir en Debut-Album 2.0 awer op allefalls gelongen.