Leschte Freiden huet d'Alicia Keys säin neien a 7. Longplayer mam einfachen Titel "Alicia" erausbruecht!

“Alicia” ass en Album iwwer Solidaritéit, Hoffnung an Akzeptanz. D’Sängerin wëll de Leit Mutt maachen, fir trotz deem ganzen Haass a Misär deen eis Welt aktuell beherrscht ëmmer u sech ze gleewen an u sengem Wee festzehalen.

Opfalend vill Feature-Gäscht komplettéieren d’Tracklist vum Alicia Keys sengem neien Album. Dat geet vum Jill Scott, enger Gréisst aus dem Soul-Beräich, bis hin zu ugesote KënschtlerInnen ewéi dem Khalid, dem Tierra Whack oder dem Miguel. Eppes wat dem Album menger Meenung no richteg gutt deet, well et déi musikalesch Diversitéit fërdert.

Iwwerhaapt ass “Alicia” en ofwiesslungsräichen Album. Déi 15-fach Grammy-Gewënnerin huet eng gutt Mëschung fonnt tëscht Pop-Hits, bësse Reggae, Funk a Soul/R&B. Vun den Texter hier, hätt d’Sängerin sech awer nach e bësse méi engagéieren an an d’Déift goe kënnen. Wuel behandelt d’Alicia Keys zum Beispill d’Policegewalt an den USA op “Perfect Way To Die” a positionéiert sech politesch ganz kloer, trotzdeem handelen déi meeschte Lidder vu banale Bezéiungsproblemer.

Mäi Fazit vum Album fält awer ganz positiv aus. A “positiv” ass eigentlech och genee dat richtegt Wuert. Et ginn nämlech nëmme ganz wéineg MusekerInnen déi ee beim Nolauschteren esou matrappen an déi engem esou vill positiv Liewensenergie ginn ewéi d’Alicia Keys.